Mario Costa | |
---|---|
Pseudonym | John W. Fordson |
Gebuer |
1. Juni 1908 Roum |
Gestuerwen |
22. Oktober 1995 Roum |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Regisseur, Dréibuchauteur, Filmediteur, Schauspiller, Videograf |
De Mario Costa, gebuer den 1. Juni 1910 zu Roum an och do gestuerwen den 22. Oktober 1995, war en italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
De Mario Costa huet am Ufank vu senger Karriär an den 1950er Joren e puer Opere verfilmt. Zum Schluss vu senger Karriär huet hien haaptsächlech Sandalefilmer wéi Il conquistatore di Corinto (1961) mam Jacques Sernas an der Geneviève Grad an Il gladiatore di Roma (1962) gedréint. Dernieft huet hien awer och d'Regie bei Piratefilmer wéi La venere dei pirati (1960) a Gordon, il pirata nero (1961) mam Ricardo Montalban a Vincent Price gefouert.